362 Radio Ara Baha'i Emissiounen
Audio With External Links Item Preview
Share or Embed This Item
- Publication date
- 2007-08-30
- Topics
- relioun, erzéiung, léieren, bewosstsinn, lëtzebuerg
- Language
- Luxembourgish
- Item Size
- 2.2G
Aféierung
Den zweete Mee 2000 konnt een déi éischt Bahá’í Emissioun um Radio ARA héieren. Bal aacht Joer huet dës Aventure gedauert, bis am August 2007. Dräihonnertsechsasiwwenzegmol gouf d’Emissioun gesent, Freides owes a mat enger Widderhuelung Samschdes moies oder Dënschdes. D’Iddi vun der Emissioun war déi, iwwer flott, interessant an aktuell Themen ze schwätzen an déi aus der Bahá’ísiicht ze beliichten.
De Bahá’í Glawen ass eng Weltrelioun, mam Zil, dass all Rassen an all Vëlker kënnen an engem gemeinsame Glawen zesummekommen. Bahá’í sinn d’Unhänger vu Bahá'u'lláh. Hien ass fir si deen, deen zu allen Zäite versprach gouf. Et fënnt een an den Traditioune vu bal alle Vëlker d’Versprieche vun enger Zukunft wou Fridden an Harmonie op der Äerd wäert etabléiert ginn, d’Versprieche vun enger Zukunft wou d’Mënschheet am Gléck an am Wuelstand liewe wäert. Mir gleewen dass d’Zäit vun dësem Versprieche komm ass an dass Bahá'u'lláh dës Persoun ass an dass seng Léieren der Mënschheet et erlaben eng nei Welt ze schafen. Bahá'u'lláh schreift op enger Plaz: „Dat wat den Här als héchst Heelmëttel a mächtegst Instrument fir d’Heelung vun der ganzer Welt verschriwwen huet, ass d’Unioun vun all senge Vëlker an enger universaler Saach, engem gemeinsame Glawen.[i]“
Haut huet de Bahá’í Glawe sech fest an der lëtzebuerger Landschaft etabléiert. Ech si ganz frou, iech kënnen déi allermeescht Texter vun de Sendungen ze ginn, zesumme mat der Audioversioun. Fir e puer Sendunge gëtt et keen Text an e puer Sendunge sinn op Franséisch.
E grousse Merci dem Här Nazareno Gottardi, dee gehollef huet, dëse Projet op d’Been ze setzen, dem Nationale Geeschtege Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg an all de Frënn a Kollegen déi matgehollef hunn, duerch hir Virschléi an Hëllef. Der ganzer Equipe vum Radio ARA fir hir Offenheet a gudde Wëllen, speziell dem Germain fir seng Gedold an dem Bert Hoscheit fir seng konstruktiv Virschléi bei der Gestaltung vun der Emissioun.
Ech hu mer vill Méi ginn, déi lëtzebuerger Texter richteg ze schreiwen, awer sécher sinn nach Feeler dran. Ech denken och hei un déi vill Studenten, déi Lëtzebuergesch léieren, an déi frou sinn, interessant Texter ze liesen an dobäi d’Texter och kënnen ze lauschteren.
Äre Jean-Marie Nau
- Addeddate
- 2020-04-20 14:31:06
- Identifier
- 362-radio-ara-bahai-emissiounen
- Ocr
- ABBYY FineReader 11.0 (Extended OCR)
- Ppi
- 300
- Scanner
- Internet Archive HTML5 Uploader 1.6.4
comment
Reviews
1,727 Views
DOWNLOAD OPTIONS
IN COLLECTIONS
Community AudioUploaded by naujm on